
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT / AFP
D'Model war net fir d'Presentatioun vu senger neier Kleeder-Kollektioun opgedaucht.
Den Ament feelt all Spuer vum Cara Delevigne. Eigentlech hätt d'Model e Méindeg den Owend, op der Fashion Week zu New York seng nei Kleeder-Kollektioun, déi hatt zesumme mam Moude-Label Karl Lagerfeld entworf huet, presentéiere sollen. Ma obwuel eng ganz Partie vu senge berüümte Frënn, fir dës Occasioun, op der Fashion Week waren, hat vum Cara Delevigne selwer all Spuer gefeelt.
Wéi d'Model fir d'Lescht gesi gouf, stoung hatt ouni Schong op der Landebunn vun engem Fluchhafen zu Los Angeles. De Fliger mat deem hat fléie sollt, war dann och ouni hatt gestart.