Vill Stare sinn dacks wéinst negativem Behuelen an de Schlagzeilen. Beim Selena Gomez ass dat awer anescht.

D’Sängerin gouf nämlech als déi positiivsten Influencerin op der Welt bezeechent. Hatt wier de Promi, deen de Leit hir Decisiounen am positiivsten beaflosst. D’Portal Sciencehappiness.com huet nämlech Tweets vun de meescht gefolloweden Persounen op der Welt ënnersicht. D’Kim Kardashian gouf hei als déi negatiivsten Influencerin bezeechent.

D’Selena Gomez huet iwwregens en Trailer vu sengem Doku-Film "My Mind and Me" verëffentlecht. Hei geet ëm seng Karriär a seng mental Gesondheet. Warscheinlech wäert d’Sängerin mat dësem Doku-Film d’Leit nach méi positiv beaflossen.