
© Jussi Koivunen / SARA HILDEN ART MUSEUM / LEHTIKUVA / AFP
De Brad Pitt huet net nëmme Schauspillerei als Talent mee anscheinend kann hien och sculptéieren.
Op alle Fall stellt de Schauspiller fir déi éischte Kéier Skulpturen an engem Musée a Finnland aus. D’Expo nennt sech "We" a wäert net nëmmen déi 9 Kreatioune vum Brad Pitt ausstelle mee och aner Biller a Skulpture vun engem brittesche Kënschtler an och Konschtwierker vum Museker Nick Cave. Wann ee Loscht huet op Tampere a Finnland ze goen, kann een d’Expo nach bis de 15. Januar gesinn. De Brad Pitt hätt bei der Ouverture vun der Expo gesot dass seng Konscht him hëlleft ze reflektéieren.