
© PARAS GRIFFIN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP
Nodeems dem Maroon 5-Sänger virgeworf gouf senger Fra friemzegoen, huet hien elo reagéiert.
Den Adam Levine hat eng Insta-Story gepost an däer hie seng Versioun vun der Geschicht erkläert huet. An dobäi mécht dat d’Saach net vill besser. Den Adam Levine huet zouginn dass hie mat anere Frae geflirt huet. Mee hien huet ënnerstrach dass hie keng Affär hat. Hien hätt sech awer heiansdo op enger onpassender Aart a Weis beholl. Hie wier sech dat bewosst a géif do Léisunge fannen. Dat eenzegt wat ziele géif wieren nämlech seng Fra a seng Famill. De Adam Levine huet sech awer net doriwwer geäussert dass hie säin 3. Kand no senger Affär benenne wollt.
Lauschtert hei alleguerten d'Prominews vum Dag: