D’Katy Perry huet eng aner Approche iwwer Nannies wéi aner Promien.

An engem Podcast sot d’Sängerin dass hatt keng Vollzäit-Nanny fir säi Meedchen agestallt huet. Hatt wéilt nämlech komplett am "Mamme-Modus" sinn. Hatt hätt zwar eng Nanny awer net fir déi ganzen Zäiten. D’Katy Perry géif zwar ganz vill schaffe mee versicht trotzdeem vill Zäit mat sengem Meedchen ze verbréngen. Wann hatt nämlech eng Vollzäit-Nanny gehat hätt, dann hätt hatt net geléiert wéi ee sech ëm e Kand këmmert. Dem Katy Perry an Orlando Bloom hiert Meedchen Daisy Dove huet 2 Joer.