No der Queen Elizabeth hirem Dout sinn de Prënz Harry an d’Herzogin Meghan nees doheem a Kalifornien.

Am Fong hate si geplangt just e puer Deeg an Europa ze verbrénge fir un enger Partie Charity-Events deelzehuelen. Mee d’Schicksal wollt et anescht. D’Koppel war dann och a Groussbritannien wéi d’Gesondheet vun der Queen sech verschlechtert hat a wéi si duerno dann och verstuerwe war. D’Meghan an den Harry hunn doropshi mat der brittescher Royal Family un verschiddenen Trauer-Veranstaltungen deelgeholl. An nom Begriefnes si se dann den Dag drop nees a Kalifornie geflunn. Dat well hir zwee kleng Kanner an den USA bliwwe waren.