Den Johnny Depp wier elo mat senger Affekotin zesummen!

An nee et ass net d’Affekotin aus sengem berüümte Prozess géint d’Amber Heard, d’Camille Vasquez. Mee et handelt sech ëm eng brittesch Affekotin, dat sech Joelle Rich nennt. D’Fra hat hien an engem Prozess a Groussbritannien verdeedegt, deen hie verluer hat. Mee wéi et schéngt hat den Johnny Depp der Affekotin dat net iwwel geholl. D’Promi-Portal TMZ confirméiert dass si eng Koppel sinn an dass d’Joelle Rich zwar bestuet ass mee sech scheede léisst.

Lauschtert hei de Réckbléck iwwert déi spannenst Prominews vun der Woch: