De Facebook-Grënner wäert geschwënn fir déi 3. Kéier Papp ginn.

Dem Mark Zuckerberg seng Fra Priscilla Chan ass nämlech schwanger. Natierlech hu si dann och hir Annonce op Facebook gepost. Déi zwee sinn zënter 2012 bestuet. Si hunn och schonn e Meedche vu 6 Joer, dat Maxima heescht an e Jong, den August, dee 5 Joer huet. An dat 3. Kand gëtt dann nees e klengt Meedchen, dat nächst Joer op d'Welt kënnt.