Dem Brooklyn Beckham seng Fra, d’Nicola Peltz huet sech zu Rumeuren iwwer e Sträit mat der Beckham-Famill geäussert.

Seng Bezéiung mat senger Schwéiermamm Victoria Beckham wier anscheinend net gutt. Grond vum Sträit wier dass d’Schauspillerin en Hochzäitskleed vu Valentino, an net vum Victoria Beckham selwer gedroen huet. D’Ex-Spice-Girl ass jo eng ganz erfollegräich Mouden-Designerin. Mee an engem Interview sot d’Nicola Peltz dass hatt am Fong vir hat e Kleed vu senger Schwéiermamm erauszesichen. Mee d’Kleed wier net mat Zäiten fäerdeg ginn. Et géif also kee Sträit mam Victoria Beckham ginn.

Lauschtert hei alleguerten d'Prominews vum Dag: