D´Shakira an de Gerard Piqué wollten allenzwee hire Jong, de Milan, bei engem Baseballspill ufeieren.

Der Sängerin dierft dëse Familljenausfluch allerdéngs net liicht gefall sinn.

Am Juni 2022 hate sech d´Sängerin an de Fussballspiller offiziell getrennt. Déi gemeinsam Kanner hu fir déi zwee awer nach ëmmer déi héchst Prioritéit. Soumat ass et dann och net verwonnerlech, dass souwuel de Piqué ewéi och d´Shakira hire Jong bei engem Baseballspill zu Barcelona ufeiere wollten. Dat awer mat sécherem Ofstand. Hir Kanner solle méiglechst näischt vun der schwéierer Zäit matkréien, déi hir Elteren an de leschte Méint haten. Virun allem fir d´Shakira dierft et de Moment net einfach sinn. De Piqué soll him des ëftere friem gaange sinn an och elo huet de Fussballspiller schonn eng nei Frëndin. Domat huet en de Pakt, dass hien an d´Shakira nom éischte Joer vun der Trennung sech net mat neie Partner weisen, scho gebrach.