D'Herzogin an de Prënz mussen am Moment vill Kritik astiechen.

An de leschte Méint sinn d’Meghan an den Harry op Schrëtt an Trëtt vu Kamerateame begleet ginn. Dat fir d’Netflix-Dokumentatioun, déi nach an dësem Joer soll erauskommen. Eng Expertin gleeft elo, dass d’Leit sech no der Ausstralung nach méi vun der Koppel distanzéiere wäerten.

Scho wärend den Dréiaarbechten ass et zu Kaméidi tëschent der Sussex-Koppel an dem Streamingdéngscht komm, well dës nom Doud vun der Queen nach Ännerunge wollte virhuelen. Et kéint deemno sinn, dass an der Serie genee esou pikant Detailer public gi wéi beim Oprah-Interview. Wärend d’Koppel sech de Leit mat der Serie nohbar weise wëll, kéint dat laut Expertin awer no hanne lassgoen, well den Doud vun der Queen nach eemol méi bewisen huet, wéi beléift si war.