De Schauspiller schéngt nach net prett ze si fir d'Gebuert vu sengem véierte Kand.

Ganz am Géigesaz zu senger Fra dem Blake Lively, wat bereet wier, esou de Reynolds. Hien hätt nach keng weider Moossname getraff, wat den neien Nowuess ugeet. Sou sot en och am Geck an enger Talkshow, dass beim éischte Kand alles perfekt war, et wier alles virbereet a steril . Beim véierte géing ee sech dann nëmmen nach denken, dass et jo geschwë sou wäit wier an een emol duerchwësche kéint. Mee och wann de Reynolds nach net esou gutt virbereet ass, wéi d’Blake, si géinge sech allen zwee op dat 4. Kand freeën.
D’Koppel hat am September annoncéiert, dass si hiert 4. Kand erwaarden.