De Rapper Kontra K ass rezent net duerch seng Musek opgefall mee wéinst potentiellen Drogegeschäfter.

An zwar ermëttelt elo de Parquet zu Berlin géint de Kontra K. Dat mellt op alle Fall NDR. De Rapper, deen am Fong Maximilian Diehn heescht, soll mat Droge gedealt hunn an dobäi e speziellen Handy benotzt hunn. Den Telefon vun der Mark EncroChat gouf an de leschte Jore bei Kriminelle beléift. Se kënnen nämlech verschlësselt matenee kommunizéieren.

De Kontra K soll mam Username "massive human" kommunizéiert hunn. Am Fréijoer 2020 soll de Rapper versicht hunn 100 Kilo Cannabis an Däitschland eranzeschmuggelen an da weiderzeverkafen. Och soll hien iwwer e méiglechen Ugrëff op en däitsche Musekmanager geschriwwen hunn.