
© CHRIS JACKSON / POOL / AFP
Bei den Experte vun der Royal Family gëtt vill iwwer den neie Monarchie-Stil vum Kinnek Charles geschwat.
Zënter dem Doud vun der Queen Elizabeth hätt sech mam Charles vill geännert. Dat mengen op alle Fall verschidden Experten. D’Familiemonarchie hätt mat senger Mamm opgehalen. Dëst well si wärend 73 Joer mat hirem Mann dem Prënz Philip bestuet war. Beim Kinnek Charles war dat alles jo méi komplizéiert: d’Scheedung mam Diana, an déi zweet Hochzäit mam Camilla. De Royal Experten no, wier de Kinnek Charles de Produit vu senger Generatioun. Si froe sech och nach ëmmer ob hien als Kinnek d’Natioun vereene kann. Wéi et schéngt, sinn d’Experten nach zimmlech almoudesch.