Op de soziale Medie geet de Moment e Video vum Camila Cabello viral, deen am Fong vum leschte Joer ass.

Et war e Faux-Pas wärend sengem Optrëtt am Wäissen Haus am Dezember 2021. D’Sängerin hat dat bekannt Chrëschtdags-Lidd "I’ll be Home for Christmas" gesongen. Mee d’Leit hunn de Geck mat senger Aussprooch vum Wuert "Christmas" gemaach. Et klengt nämlech éischter wéi "Quismois". An d’Camila Cabello huet bewisen dass et vill Humor huet well hatt op de virale Moment reagéiert huet. Hatt huet en TikTok gepost an deem hat esou mécht wéi wann hatt d’Aussprooch vum Wuert trainéiere misst.

@camilacabello

me before recording my version of I’ll be home for christmas (quismois)

♬ original sound - Camila Cabello