Tëscht zwee "Spider-Man"-Schauspiller gëtt d’Bezéiung ëmmer méi seriö.

Wéi et vun der Promizäitschrëft US Weekly heescht géif et dem Tom Holland an dem Zendaya geschwënn net méi duergoen "just" ze daten. Si géifen nämlech konkret eng gemeinsam Zukunft plangen. Wat dat genee heescht gouf net gesot, mee et kann een dovunner ausgoen dass déi zwee vläicht iwwert eng Verlobung nodenke géifen.

D’Schauspiller hu sech 2016 um Set vum Film "Spider-Man: Homecoming" kennegeléiert. Eréischt am Summer 2021 goufe si beim Kusse vu Paparazzien erwëscht. Zanterdeem géife si versichen sech esou dacks wéi et geet ze gesinn.