Fans vum Jennifer Lopez froe sech wat de Moment mat senge Social Media-Accounts lass ass.

D’Sängerin huet nämlech op Instagram seng Posts geläscht. Och d’Profilfotoen op TikTok, Facebook, Instagram an Twitter si fort a goufe mat engem schwaarze Bild ersat. Verschidde Medie mengen dass hannert dëser Aktioun sech eventuell en neie Projet vun der Sängerin verstoppe kéint. Op alle Social-Media-Plattformen huet d’Jlo am ganzen 347 Millioune Followers. Déi si warscheinlech gespaant iwwer dat wat d’Sängerin als nächst geplangt huet.