Dem Sido seng Ex-Fra huet op dem Rapper seng Aussoe reagéiert.

An engem Interview mat der Zeitung "Spiegel" hat de Rapper nämlech gesot dass et him wärend der Pandemie immens schlecht gaange war. Hien hat Droge geholl an hat sech och selwer an enger Psychiatrie agecheckt. Seng Bezéiung mam Charlotte Würdig huet dat ganzt dann net iwwerstanen. An enger Instagram-Story vum Charlotte kann ee gesinn dass et kee Sträit méi tëscht deenen zwee gëtt. Dem Sido seng Ex-Fra sot nämlech dass d’Frëndschaft nach ëmmer do ass. Et wier ganz couragéis vu sengem Ex-Mann esou offen iwwer seng Probleemer ze schwätzen.