Et war jo scho gewosst dass d’koreanesch Band BTS eng Paus wéinst der Arméi géif maachen.

Mee elo heescht et vu verschiddene Medien dass de Bandmember Jin schonn den 13. Dezember seng Ausbildung ufänke wäert. Hien ass den eelste Member vu BTS. Den 29-Järege wäert en Training vu 5 Woche maachen. Duerno gëtt hien dann an der Front-Eenheet agesat. De Sänger hat dat schonn an de soziale Medien ugedeit. A Südkorea mussen all d’Männer ënner 30 Joer zwee Joer Militärdéngscht leeschten. D’Fans vu BTS hu sech schockéiert doriwwer gewisen.