Adidas huet Ermëttlunge géint de Kanye West ugekënnegt.

Dem Rapper gëtt en onpassend Verhale virgeheit. Der Zäitschrëft "Rolling Stone" no hätt de Ye verschiddene Mataarbechter ënner anerem intim Biller vu senger Ex-Fra Kim Kardashian a pornografescht Material gewisen. Adidas-Employéeën hätten esouguer en anonymme Bréif geschriwwen. Am Bréif soll stoen dass de Kanye West eng Kultur vun der Angscht kreéiert hätt. Ried war och vu Mobbing-Attacke vum Rapper, virun allem géint Fraen.

Lauschtert hei alleguerten d'Prominews vum Dag: