D’Jessie J huet sech an enger Insta-Story un eng ganz emotional Zäit a sengem Liewen erënnert.

Virun engem Joer hat d’Sängerin nämlech eng Feelgebuert. An der Story sot d’Jessie dass hatt zwar elo kapabel wier driwwer ze schwätzen ouni ze kräischen. De ganz tragesche Verloscht géif him awer nach ëmmer wéidoen. D’Jessie J hätt awer duerch dës Erfarung geléiert méi Kraaft, Wäisheet, Empathie an Dankbarkeet ze hunn. Hatt huet sech solidaresch mat deene Leit gewisen, déi och dat selwecht hu missen erliewen.