De Will Smith schwätzt fir déi éischte Kéier an engem Interview iwwert säi Verhale bei den Oscaren.

Direkt am Ufank vu engem Interview bei der "Daily Show" erkläert de Will Smith, dass hien den Owend vun den Oscare Verschiddenes ze verdauen hat. Dat géif säi Verhalen awer net rechtfäerdegen. De Schauspiller hat hei jo dem Komiker Chris Rock eng op de Back ginn. Hie ka verstoen, dass dës Aktioun fir vill Léit ee Schock war. Weider seet hien, dass hien dee Moment net iwwerluecht hat an eng Roserei, déi scho laang an him dra war, deen Owend eraus komm ass.

Zënter deem Owend ass seng Karriär och stoe bliwwen. Deemnächst soll awer ee Film zesumme mat him an de Kino kommen. Hien hofft, dass säi Verhale keng negativ Auswierkungen op de Succès vum Film wäert hunn.