D'Sarah Connor verbréngt Chrëschtdag mat enger Famill, déi aus der Ukrain geflücht ass.

Am Mäerz hat d'Sarah Connor eng ukrainesch Mamm mat sengem Kand opgeholl. Déi sinn elo natierlech och bei de Feierdeeg dobäi. Wéi d'Sängerin an engem Interview mat der däitscher Zeitung Bunte seet, wieren esou Aktiounen ëmmer seng Iddien a säi Mann hätt do näischt ze soen. No 9 Joer Bestietnis huet hien sech bestëmmt schonn dru gewinnt. Chrëschtdag ass der Musekerin a senger Famill och ganz wichteg.