Um britteschen Haff koum et duerch eng Mataarbechterin zu engem rassistesche Virfall.

Eng Mataarbechterin vum Camilla, dem Kinnek Charles seng Fra, hat ëmmer nees d'Cheffin vun enger Organisatioun, déi op Besuch war, gefrot, vu wou si da wierklech hier géif kommen, aus wat fir engem Deel vun Afrika si genee wier a wat fir eng Nationalitéit Fra hätt. Dobäi sot d'Fra ëmmer nees, dass si vu London wier a brittesch Staatsbiergerin ass. D'Mataarbechterin huet elo hir Kënnegung eragereecht an déi brittesch Famill fënnt de Virfall inakzeptabel a bedauert dësen zu déifst.

Lauschtert hei alleguerten d'Prominews vum Dag: