De Robert Pattinson an d'Suki Waterhouse weisen sech ganz verléift. Mee dobäi soll déi Léift guer net sou frësch sinn a schonn eng Zäitchen undaueren.

Fir eng éischte Kéier hunn sech de Robert Pattinson an d'Suki Waterhouse zesummen an der Ëffentlechkeet bei engem Event gewisen. Dobäi soll d'Léift guer net méi esou frësch sinn. Rumeuren no sollen déi zwee schonn zënter 4 Joer eng Koppel sinn. Domat huet d'Verstoppches dann elo een Enn. Déi zwee hunn sech bei engem Defilé bei de Pyramide vu Gizeh zesumme weise gelooss an haten hei just Ae fir een deen aneren.