2021 goufen zwee vun den dräi Muppe vum Lady Gaga beim engem brutalen Iwwerfall geklaut. Hei gouf de Muppesitter deemools ugeschoss.

Ee Muppesitter war 2021 mam Lady Gaga sengen dräi Muppen ënnerwee a gouf dobäi vun e puer Persounen iwwerfall. Déi haten d'Muppen gefuerdert, mee de Muppesitter huet awer net noginn a wollt d'Muppen net lassloossen. Doropshin huet ee vun den Täter eng Waff gezunn an de Muppesitter mat e puer Schëss liewensgeféierlech blesséiert.

Dass et sech deemools ëm dem Lady Gaga seng Muppe gehandelt huet, wossten Täter net, sou d'Ermëttler. Déiwen haten et op d'Hondsrass ofgesinn. Franséisch Bulldogge kënnen nämlech e puer dausenden Dollar Wäert sinn.

D'Muppe goufe bei der Entféierung net blesséiert a goufe kuerz no der Dot bei der Police ofginn.

Ee vun den Täter gouf elo mat 21 Joer Haft verurteelt.