Divers Zeitunge mellen, dass de Boris Becker nächst Woch aus dem Prisong kënnt an zeréck an Däitschland muss goen.

Am November hat d'Zeitung "The Sun" scho gemellt, dass de Boris Becker fir Chrëschtdag aus dem Prisong ka kommen. Dat hat deemools eng juristesch Quell matgedeelt. Elo huet d'Onlinezeitung "Mirror" déi Ausso ënnerstëtzt.

Anscheinend soll de fréieren Tennisprofi vun enger séierer Prozedur kënne profitéieren. Engem brittesche Gesetz no dierf all auslännesch Prisonéier bis zu 12 Méint virun deem fréisten Zäitpunkt vun der Entloossung aus dem Prisong entlooss ginn an expulséiert ginn. Domat wëll een a Groussbritannien déi iwwerfëllte Prisongen entlaaschten. Sou kann et also gutt sinn, dass den Tennisspiller aus dem Prisong entlooss gëtt an zeréck an Däitschland muss goen.

Lauschtert hei alleguerten d'Prominews vum Dag: