De franséische Futtballspiller, wëll ee gutt Virbild fir seng jonk Fans sinn a weigert sech Reklamm ze maache fir Alkohol a Fastfood.

Nodeems Frankräich géint Polen an der Aachtelsfinall vun der WM gewonnen huet, gouf de franséische Futtballspiller Kylian Mbappé mam Titel "Spiller vum Spill" ausgezeechent. Dobäi krut hien ee klenge roude Pokal an dësen ass vun enger Béiermark gesponsert. D'Logo vun der Béiermark ass awer op der Foto vum Mbappé a senger Auszeechnung net ze gesinn. Hien huet de Pokal nämlech bewosst esou gehalen, dass een d'Logo vun der Béiermark net gesäit. Him ass nämlech bewosst, dass hie fir vill Jonker ee Virbild ass an dowéinst wëll hien net fir Alkohol Reklamm maachen, fir esou seng Fans net zum Drénken ze encouragéieren. Dowéinst wëll hien och näischt mat Fastfood a Sportswetten ze dinn hunn a probéiert dat sou gutt et geet ze vermeiden.