D'Geriichtsaffär tëschent dem Amber Heard an dem Johnny Depp ass wuel nach net fäerdeg. D'Heard ass elo géint den Depp an Appell gaangen.

D'Amber Heard ass offiziell géint de Johnny Depp an Appell gaangen. Domat zitt hatt no, well den Depp ass scho virun e puer Woche géint seng Ex an Appell gaangen. No der komescher Geriichtsverhandlung am Juni goufen zwee Urteeler geschwat. D'Amber Heard misst 10,35 Milliounen Dollar un de Johnny Depp bezuelen an hien huet missen 2 Milliounen Dollar un hatt bezuelen.

Am Amber sengem Appell heescht et, dass d'Urteelt an engem grousse gesellschaftlechen Zesummenhang steet. Sollt d'Urteelt nämlech esou bestoe bleiwen, ass dat eng ofschreckend Noriicht un all déi aner Fraen, déi iwwer Mëssbrauch duerch mächteg Männer schwätze wëllen.