Dem Hilary Duff seng fréi Karriär soll hatt als Teenager krank gemaach hunn.

Wéi d'Hilary Duff an engem Interview matdeelt, war seng fréi Karriär als Teenager net gesond fir hatt. Duerch d'Kanner-Serie "Lizzie McGuire" ass hatt als Teenager weltberüümt ginn. Deemools huet hatt geduecht, dass een als Schauspillerin muss dënn sinn. Doduerch hat sech an deenen Zäiten eng Iessstéierung beim Duff entwéckelt.

Haut seet d'Schauspillerin, dass hatt stolz op säi Kierper ass an hatt seng Iessstéierung iwwerwonnen huet a dankbar dofir ass gesond ze sinn. Weider seet hatt, dass hatt haut Aktivitéite mécht, déi hatt staark maachen an hatt sech net nëmme mat der Verbesserung vu sengem Ausgesi wëll beschäftegen.

Lauschtert hei alleguerten d'Prominews vum Dag: