An enger traureger Videonoriicht op Instagram huet d'Céline Dion eng schrecklech Nouvelle mat senge Fans gedeelt.

Wéi d'Céline Dion an enger Videonoriicht op Instagram matdeelt, gouf bei him viru kuerzem eng ganz seelen neurologesch Stéierung diagnostizéiert. Bei der Krankheet handelt et sech ëm d'Stiff-Person-Syndrom. Vun der Krankheet si just eng Persoun vun enger Millioun Persoune betraff. Bei der Krankheet leit een ënner onkontrolléierte Krämp. An och d'Sängerin seet, dass dës Krämp all Aspekt vu sengem alldeegleche Liewe beanträchtegen. Bei der Krankheet gi Betraffener ëmmer méi steif bis se iergendwann net méi fäeg sinn ze goen an ze schwätzen. Méiglechkeete fir d'Symptomer ze behandelen oder fir geheelt ze ginn, ginn et nach keng. Weider seet Dion a senger Noriicht, dass hatt net fäeg ass seng Tour am Februar ze starten. Dofir gouf Tour elo mol op 2024 verréckelt.

Lauschtert hei alleguerten d'Prominews vum Dag: