
© Theo Wargo / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Laang hunn d'Fans vun der brittescher Kroun drop gewaart, elo ass d'Serie iwwert den Harry an d'Meghan endlech op Netflix.
Dräi vun de sechs Folge vun der Serie "Harry and Meghan" sinn den Donneschdegowend online gaangen. Vill gouf am Virfeld gerätselt: Wéi vill gëtt een iwwert dem Harry an dem Meghan hiert Privatliewe gefuer? Wéi vill Geheimnisser ginn iwwert brittesch Kinnekshaus verroden? A firwat hunn déi zwee déi Doku dann iwwerhaapt lancéiert? Hei huet d'Koppel geäntwert, dass et net angeneem ass, wann een d'Gefill huet, dass en d'Léit net wësse wien een ass an et schéin ass d'Méiglechkeet ze kréien, de Léit ee besseren Androck ze gi wat geschitt ass a wien si sinn.
Weider seet den Harry, dass d'Meghan senger verstuerwener Mamm extrem änlech ass an hiert d'Schicksal sech net widderhuelen dierf. Dofir wëll een driwwer schwätzen. Iwwert Meghan selwer, seet hien, dass hatt alles huet nodeems hien ëmmer gesicht huet.
D'Meghan seet iwwert sech selwer a seng Bezéiung zum Harry, dass hatt eigentlech alles am Grëff hat. Hatt hätt gewosst, wat hatt am Liewe wéilt. Hatt hat seng Aarbecht, säi Liewen an hatt war op sengem Wee, mee do ass hie komm an huet sengem Liewen eng nei Richtung ginn.
Lauschtert hei de Réckbléck vun de spannenste Prominews vun der Woch: