Wéinst engem Kleed mat engem grousse Léiwkapp drop, muss d'Kylie Jenner vill béis Kriticken astiechen.

Mat dësem Outfit huet d'Kylie Jenner op der Paräisser Fashion Week fir vill Opmierksamkeet gesuergt. Mee grad déi schlecht Kommentare loossen net laang op sech waarden, sou schreift eng Userin, dass en Déiere keng Accessoire sinn an eng aner schreift, dass d'Kylie soll ophalen de Mëssbrauch vun Déieren ze fërderen.

De Virworf ass, dass d'Kylie zesumme mam Moudelabel "Schiaparelli" Reklamm fir Tropheeëjuegd mécht. Mee hatt kann awer direkt eng Entwarnung ginn, nämlech gouf fir dës Kreatioun kee richtege Léiw ëmbruecht. Op Instagram schreift hatt, dass hatt sech an déi Konschtpelz-Kreatioun, déi duerch Handaarbecht entstanen ass, einfach verléift huet.

Ënnerstëtzung krut hat och vun der Déiereschutzorganisatioun "PETA". D'Presidentin vun der Organisatioun lueft d'Kollektioun a seet dass dëse Look d'Schéinheet vun de wëllen Déieren zelebréiert an een et och als Statement géint Tropheeëjuegd ka gesinn.

Nieft dem Kylie hunn sech och nach Naomi Campbell an d'Irina Shayk mat enger änlecher Kreatioun weise gelooss.