Nodeems de Jeremy Renner ee schwéieren Accident mat engem Schnéiplou hat, mécht de Chris Evans de Geck mat sengem Kolleeg.

De Jeremy Renner post op Twitter eng Foto aus der Klinik an an der Caption seet hie senge Fans Merci fir déi ganz Ënnerstëtzung. Dorop reagéiert de Chris Evans ironesch, dass de Jeremy een haarde Kärel ass, mee op iergendee nom Schnéiplou gekuckt huet.

Domat huet den Evans genee dem Renner säin Humor getraff, dësen äntwert nämlech mat Humor zeréck, dass hie frou mat him ass an dass hie selwer nom Schnéiplou gekuckt huet an dëse bréicht Bensinn.

D'Fans vum Renner freeën sech iwwert dëse Kommentar, well dat heescht jo, dass et dem Renner scho vill besser geet, wann hien esou Witzer ka maachen.

De Jeremy Renner an de Chris Evans stounge virun 11 Joer déi éischte Kéier zesumme virun der Kamera fir den "Avengers"-Film. Zanterdeem sinn déi zwee richteg gutt Kolleegen.

Lauschtert hei d'Prominews vum 25. Januar.