Tahnee an d'Juliette Schoppmann hunn sech bestuet.

Wéi déi däitsch Komikerin Tahnee an den "DSDS"-Star Juliette Schoppmann op Instagram matdeelen, hunn si "Jo" gesot. Op der sozialer Plattform hunn déi zwee Fotoe gepost, ob deenen si allen zwee ee wäisse Boxekostüm un hunn an op enger Plage sinn. An der Caption vun de Fotoen hunn si just een Häerz- an ee Rank-Emoji gepost.

Gerüchter iwwert hir Léift sinn et scho méi laang ginn an elo goufen dës dann och bestätegt.

Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 2. Februar.