
© Matt Winkelmeyer / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Den Ashton Kutcher huet rezent an engem Interview gezielt, wéi schlëmm et ass ee Kand ze verléieren.
2004 hunn den Ashton Kutcher an Demi Moore ee Kand verluer. D'Schauspillerin hat am 6 Mount vun der Schwangerschaft eng Feelgebuert. Wéi et dem Papp dobäi ergaangen ass, huet de Kutcher elo eng éischte Kéier an engem Interview mam Magazin "Esquire" matgedeelt.
Hei sot hien, dass et wierklech, wierklech wéi deet ee Kand ze verléieren, mat deem du fest rechens a bei deem du dir sécher bass, dass et kënnt. Weider seet hien, dass jiddereen aneschters domadder ëmgeet. Wéi hie selwer domat ëmgaangen ass, erzielt de Schauspiller awer net. Seng deemoleg Fra hat dee ganze Virfall och schwéier getraff. No 20 Abstinenz hat hatt nees ugefaangen Alkohol ze drénken. Dat schreift Demi Moore nämlech a senge Memoiren, déi 2019 verëffentlecht goufen.
Haut ass de Kutcher Papp vun engem Bouf an engem Meedchen an ännere géif hien déi schrecklech Erfarung net. Nämlech seet hien, dass hien aus iergendengem Grond, déi Erfarung huet misse maachen.