D'Leni Klum schockéiert seng Follower andeems hatt sech ouni Aperhoer weist.

Wann een sech aktuell Fotoe vum Leni Klum ukuckt, kann ee kuerz irritéiert sinn. Nämlech huet sech d'Modell fir ee Shooting, den "Oben-Ohne"-Look verpasst. Dat heescht hatt huet sech d'Aperhoer bleeche gelooss. A mat deenen hellen Aperhoer gesäit et aus, wéi wann hatt guer keng Aperhoer méi hätt. E puer Follower vum Leni weisen sech extreem irritéiert an erkennen dem Heidi Klum säi Meedchen net méi erëm.

Dësen Trend ass schonn eng Zäitchen amgaangen an awer ass et ëmmer nees iwwerraschend.

Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 2. Februar.