Wärend engem Spill an enger Show verréit Heidi, dass hatt nach gären ee weidert Kand hätt.

An engem "Jo-Nee"-Spill an der "Jennifer Hudson Show" war d'Modell am Ufank nach net sécher, ob et d'Fro no engem weidere Kand mat JO oder mat NEE sollt beäntwerten. Hatt seet nämlech, dass et u verschiddenen Deeg géif denke JO, an un aneren Deeg éischter NEE. Schlussendlech seet hatt dann awer JO. Seng véier Kanner si mëttlerweil och schonn all erwuessen oder am Teenager-Alter: d'Leni mat 18 Joer, den Henry mat 17 Joer, de Johan mat 16 Joer an d'Lou mat 13 Joer al.

Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 3. Februar.
Lauschtert hei de Réckbléck vun de Prominews vun dëser Woch.