
© Jean-Baptiste LACROIX / AFP
Fir d'Mega-Event vum Joer, de Super Bowl 2023, prouft den Jason Derulo och gäre mat Krätschen.
Kuerz virum Jason Derulo sengem Optrëtt beim Super Bowl 2023 brécht sech de Musek de Fouss. Dat Ganzt ass geschitt bei engem Basketmatch an hien huet sech net nëmmen de Fouss gebrach, mee och nach Bänner gerass. Säi futtisse Fouss hält hien awer net dovunner of nach seriö ze prouwen. Trotzdeem muss hien dat dann elo mat Krätsche maachen.
Ob hie och nach um Super-Bowl-Owend u seng Krätsche gebonnen ass, ass nach net sécher. Bei de Prouwe konnt hien awer elo scho mol kucken, wéi hien déi kéint bei sengem Optrëtt abannen.
Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 3. Februar.
Lauschtert hei de Réckbléck vun de Prominews vun dëser Woch.