
© Maddie Meyer / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP
Extreem geréiert huet sech den Tom Brady bei der Ukënnegung vum Enn vu senger Sportler-Karriär gewisen.
Op Instagram huet den Tom Brady an engem Video ugekënnegt an d'Sportler-Pensioun ze goen. Hei huet hien sech ganz emotional gewisen. Och vill aner Staren hunn emotional Noriichten ënnert säi Video gepost a soen dem GOAT (Greatest of all Time) Äddi.
Sou schreift d'Serena Williams, dass hatt Tréinen an den Aen huet an hatt et schued fënnt dass hie geet. Des Weideren heescht hatt hien häerzlech wëllkomm an der Welt vun der Pensioun.
Och den David Beckham, den Hugh Jackman, d'Kate Hudson, Gwyneth Paltrow a vill weider prominent Persoune weisen sech geréiert.
Des Weidere schreift och dem Brady seng Ex-Fra d'Gisele Bündchen ënnert de Post, dass hatt him lauter wonnerbar Saachen a sengem neie Liewensofschnëtt wënscht.