De spuenesche Moudendesigner ass e Freideg a Frankräich gestuerwen.

Hie war fir seng extravagant Designs mee och fir seng Parfume bekannt ginn. An enger Matdeelung vu senger Mark gouf gesot dass de Paco Rabanne Generatioune mat senger radikaler Versioun vun der Moud gepräägt hätt.