
© Jerritt Clark / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
D’Paris Hilton huet seng Autobiografie "Paris : The Memoir" verëffentlecht.
An deem Buch huet de Reality-Star iwwert säi Liewe geschriwwen, an ënner anerem och iwwer déi ganz schwiereg Momenter. D’Paris Hilton huet zum Beispill erzielt dass hatt vu sengem Schoulmeeschter gekusst gouf. Et wier e flotten, jonken Enseignant gewiescht an all seng Klassekomerodinnen an der sougenannter "Middle school" hätten sech an hie verknallt.
Mee Dësen hätt dem Paris gesot dass hien en A op hatt geworf hat an huet hatt fir seng Nummer gefrot. Hien huet dann all Owend ugeruff. Hie wier dann eng Kéier bei hatt heemkomm an hätt hat gekusst. Dem Paris seng Elteren hätten si erwëscht an den Enseignant hätt dem Paris d’Schold ginn.