D’Lindsay Lohan huet eng grouss Nouvelle op Instagram ugekënnegt.

Déi 36-järeg Schauspillerin ass schwanger! D’Lindsay Lohan huet e mini Beebee-Outfit op Instagram gepost op deem "Coming Soon" dropsteet. Drënner huet d’Schauspillerin geschriwwen: "mir si geseent an opgereegt".

E Spriecher vun der Schauspillerin a vu sengem Mann Bader Shammas huet d’Schwangerschaft och bestätegt. D’Lindsay géif sech ganz gutt fillen a wier begeeschtert. Viru bal 2 Joer hat hatt sech mat sengem Partner bestuet.

Lauschtert hei all d'Prominews vum Dag!