
© YouTube Screenshot
D’Mouden-Zäitschrëft Vogue ass jo och bekannt wéinst hire "Beauty Secrets" Videoen op YouTube.
An hei gesäit ee jo meeschtens Fraen, déi hir Beauty-Routine mat de Followers deelen. Mee dëst Kéier war et um iresche Sänger Niall Horan. Hien huet seng Beauty Geheimnisser verroden an huet och seng Routine vun 22 Etappe virgestallt, fir sech gutt ëm seng Haut ze këmmeren. Am Video huet de fréiere One Direction-Star dovunner profitéiert déi sougenannt "toxic masculinity" ze kritiséieren. Hie sot dass dat kee Sënn géif maachen dass hien als Mann sech net ëm seng Haut këmmere sollt.