
© PATRICK T. FALLON / AFP
D’Gwyneth Paltrow mécht dacks komesch Aussoen iwwer säi Lifestyle an elo hunn d’Dieteticienen sech agemëscht.
Awer fir d’éischt eng kleng Warnung fir Leit, déi sensibel op Diskussiounen iwwer Iessstéierunge sinn.
An engem Podcast huet d’Schauspillerin iwwer seng Iessgewunnechte geschwat. An ouni an den Detail ze goen, gouf séier kloer dass d’Schauspillerin net immens vill ësst.
An en Dieteticien huet dem Portal Buzzfeed confirméiert dass dem Gwyneth Paltrow seng Gewunnechten net gesond kléngen. Kaffi, Zelleri-Jus, Waasser mat Zitroun wiere keng Platen mee just Gedrénks. Zopp a Britt wieren och just Flëssegkeeten.
Den Expert sot dass der Schauspillerin hir Aussoe potentiell extrem geféierlech fir verschidde Leit wieren an dass hatt net mam gudde Beispill virgoe géif.