
© STEPHANE DE SAKUTIN / AFP
D’Bella Hadid huet missen op zimmlech krass Kommentaren op TikTok reagéieren.
Anonym Persounen hu gepost dass d’Model permanent Drogen huele géif. Hatt géif sech och bretzen dass et just mat Zigaretten a Waasser iwwerlieft hätt virun der Fashion Week zu Mailand. Weider gouf gesot dass hatt wärend Woche Kokain mam Hailey Bieber ugangs 2022 geholl hätt.
Och goufen et Rumeuren iwwer seng Mamm Yolanda Hadid, säi Papp Mohamed Hadid an och iwwert säi Frënd de Marc Kalman. Dës goufen all an engem Video um TikTok-Account "Celebriteablinds" gesammelt. An d’Model hat es genuch iwwer d’Gerüchter an huet ënner dem Video gepost dass keng eng Saach an deem Video gestëmmt huet.