Fir déi, déi wärend der Pandemie "Tiger King" op Netflix gekuckt hunn, ginn et skurril Noriichten.

Den Joe Exotic huet nämlech annoncéiert dass hie fir d’US-Presidentschaftswalen 2024 kandidéiere wéilt. E Probleem gëtt awer hei. Hien ass am Prisong. De 60-Järege krut nämlech eng Prisongsstrof vun 22 Joer well hien e Mord géint seng Feindin Carole Baskin beoptraagt hat. Den Joe Exotic huet d’Leit dozou opgeruff endlech ze vergiesse wéi hie verschidden Tigere behandelt huet. Vill Leit hätte gemengt et wier e Witz dass hie kandidéiere géif, mee senger Meenung no wier dat säi gutt Recht Kandidat ze ginn. Senger Meenung géifen d’Politiker all léien an hie wéilt d’USA zeréckhuelen.

All d'Prominews vum Dag kann een hei lauschteren!