D’Billie Eilish mécht elo säi Schauspilldebüt !

An dat war eng Iwwerraschung well seng Roll gouf guer net am Viraus annoncéiert. D’Sängerin spillt nämlech bei der Serie "Swarm" mat, déi e Freideg op Amazon Prime erauskënnt. Hatt huet éischter eng Nieweroll. Dem Billie Eilish säi Personnage gouf dann an engem Teaser gewisen. Vill doriwwer gouf bis ewell net gewise mee hatt wier anscheinend eng Psychopathin, déi doudessüchteg wier. Bei der Serie "Swarm" handelt et sech nämlech ëm en Horror-Thriller. Mol kucken op d’Billie dann och als Schauspillerin iwwerzeege kann.