Et geschitt schonn net dacks dass een e Promi an engem Geschäft gesäit, mee zwee gläichzäiteg ass relativ seelen.

Dat ass awer verschiddene Leit zu London geschitt, déi ee Promi gesinn hunn awer deen anere komplett iwwersinn hunn. De Spiderman-Schauspiller Tom Holland war mat senger Frëndin der Schauspillerin Zendaya akafe gaangen. An hien ass direkt opgefall an huet mat klenge Kanner Fotoe gemaach. A wéi et schéngt huet keen d’Zendaya gefrot fir eng Foto ze maachen, obwuel hatt och extrem bekannt ass. Hatt ass dann einfach geréckelt fir dass d’Foto gemaach konnt ginn. De Moment ass d’Koppel zu London fir mam Tom Holland senger Famill Zäit ze verbréngen.

Lauschtert all d'Prominews vum Dag!