
© Jonathan Leibson / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Fir all déi Leit, déi d’Band One Direction vermëssen, gouf et eng Mini-Reunion.
Zwar net musikalesch mee op enger Filmpremière. De fréiere One Direction-Sänger Louis Tomlinson huet d’Premiere vun sengem Dokufilm "All Of Those Voices" zu London gefeiert. An ee vu senge fréiere Bandmemberen, de Liam Payne war och do fir hien z’ënnerstëtzen. Hei gesäit een dass trotz der ganz laanger Paus, déi viru 7 Joer ugefaangen huet, déi zwee nach gutt mateneen eens ginn. De Liam Payne ass mat senger Frëndin, d’Model Kate Cassidy op d’Premiere komm a war deen eenzege Bandmember, deen de Wee dohinner fonnt huet. An der Doku geet et ëm dem Louis Tomlinson säi Liewen als Member vun enger Boyband an da méi spéit als Solo-Kënschtler.